#Infobourse fir Jonker an Elteren

Fënnt den 17 Februar 2021

9h30 – 16h00

an der Hall O zu Déifferdeng statt.


Zil vum Dag?

Dir beim Sprong an dat aktiivt Liewen ze hëllefen. Hei fënns du nëtzlech Informatiounen a Kontakter déi et dir erméiglechen eng Entscheedung fir deng Zukunft ze treffen.

Déng Zukunft – Däi Wee ass awer och d’Geleeënheet fir Patronen, Servicer an Entreprisen dech iwwert hier Beruffer a Charakteristiken ze informéieren, dir e Studentenjob, eng Léierplaz oder eng Aarbecht unzebidden.

D’Aussteller proposéieren dir 4 Informatiounsberäicher fir deng Zukunft:

  • Formatiounen
  • Orientatioun
  • Engagement
  • Beruffer

Kuck an eis Broschür an du fënns séier déi Informatioun déi’s du brauchs.


Op eisen Infobourse fir Jonker an Elteren kanns du

  • dech mat Vertrieder von Entreprisen a Gemengen iwwer Beruffer an Arbechtsbedingungen austauschen an dech iwwert deng schoulesch und beruflech Méiglichkeeten informéieren 
  • bei Veräiner, Jugendhäiser, aaneren Arichtungen an Déngschtplazen méi iwwer Projete a Workshops fir Jugendlicher gewuer ginn
  • Informatiounen iwwert de Fräiwëllegendéngscht esouwéi aanere Formen vum fräiwëllegen Engagement kréien


Wien ass dëst Joer present?


Wéi war d’Ambiance an deene läschte Joeren?


Bei weem kréien ech weider Informatiounen?

Du hues Froen déi nach net beäntwert goufen? Da mell dech beim

Isabelle Mariutto : isabelle.mariutto@snj.lu

Christelle Kodisch : christelle@crijesch.lu